| D´Geschicht vum A Piacere : |
Virun enger Zaitchen hun e puer Kollegen sech zesumme gesaat an décidéiert fir Massen ze sangen. Sou koum ët dun dass déi Leit och kuerz dono, anzwar am Dezember '95, an der Millebaach eng Kannermette gesongen hun. An dëst war déi éischte Keier, dass d'Claudine Peters dëse "Chouer" dirigéiert huet. Déi nächst Massen hun, wéi der iech kënnt denken, nët laang op sech waarde gelooss ... |
|
| 1996 krut d'Claudine den Optrag fir d'Oktavmass vun de Stadter Lycée'en musikalesch ze gestalten. No dëser Mass huet de Chouer sech dun definitv och ënnert der Form zesummefonnt wéi en haut nach besteet (och wa verschidde Memberen nët méi derbäi sin, respektiv neier bäikomm sin). An dësen Ensemble Vocal huet sech dun och am Juni '96 fir d'éischt Kéier richteg présentéiert. |
![]() |
![]() |
|
Mee
mir hun nët nëmmen Hochzäite gesongen, mir haten och schon
den een oder aanere Concert, wéi zum Beispill den Telethon, verschidden
Iwweraschungsconcerten, Krëschtconcerten, a Concerten mat der Harmonie
Gemeng Mamer ënnert der Leedung vum Marco Battistella. |
![]() |
![]() |
|
|
![]() |
Wann Dir also Loscht hudd e jonken, dynamesche Chouer live an Aktioun ze héieren (a gesin), är Hochzäit verschéinere wëllt, oder e flotte Concert lauschtere wëllt, dann zéckt nët eis ze kontaktéieren !
| Schreiwt eis eng E-Mail : |