Hochzäit

Vu dass eise Chouer haaptsächlech Hochzäite séngt, hu mir hei e bëssi eppes zum Thema "Hochzäit" zesummegesicht.
Den éischten Text soll eng kleng Äntwert sin op d'Fro : Firwat bestuede mir eis iwerhaapt an der Kiirch, vru Gott ?
Dat zweet ass en Text vum Conrad M. Siegers de gären op Hochzäiten, grad an der Kiirch, vu Kollegen oder Famill vun de Brautleit virgedroe gët, fir hinnen Gléckwënsch fir hir gemeinsam Zukunft mat op de Wee ze gin.
Dann hu mer nach eng kleng Tabell mat dene verschiddenen Hochzäitsdeeg déi Dir an dene nächste Joeren ze feiere kritt, eng Lëscht mat Saachen, déi een bei der Virbereedung vun enger Hochzäit op kee Fall vergiesse sollt, souwéi eng Rei Hochzäitsbräich a wat en der Koppel sou stiichte kann.

> Sech an der Kiirch bestueden ?

>
Gléckwënsch (vum Conrad M. Siegers)

>
Hochzäits-Deeg

> Hochzeitsvorbereitungen

> Hochzeits-Bräuche

> Hochzeits-Streiche

Mir hoffen Iech esou vlaicht e bëssi gehollef oder informéiert ze hun, a wënschen dene Leit, déi dëse wichtegen Dag vun hirem Liewen nach vrun sech hun, eng ganz schéin Hochzäit a vill glécklech Joeren !